deieren an nout

  • Home
  • deieren an nout

deieren an nout Déiereschutzveräin Wir setzen uns hauptsächlich für Tiere ein, für die in klassischen Tierheimen kein Platz ist. (Nutztiere, Geflügel, Nager usw.)

Wir sind eine eingetragene Vereinigung ohne Gewinnzweck ( RCS Luxembourg F7550, gegründet 20.2.2008 )

Unser Ziel ist es:
- Sich aktiv für den Tierschutz einzusetzen.
- In Not geratenen oder verlassenen Tieren zu helfen ein neues Zuhause zu finden und ihren weiteren Werdegang zu verfolgen.
- Artgerechte Tierhaltung zu fördern. CCPL: LU13 1111 2575 1779 0000

Hëlleft eis hëllefenA ronn 14 Deeg kréie mir d‘Geleenheet Spenden an dësst Asyl an der Ukrain ze schecken. Fir dass den ...
18/11/2024

Hëlleft eis hëllefen

A ronn 14 Deeg kréie mir d‘Geleenheet Spenden an dësst Asyl an der Ukrain ze schecken.
Fir dass den Transport rentéiert géiffe mir awer nach eng Partie Spenden brauchen. Fudder fir Honn a Kazen an Decken gi gebraucht

Dir kënnt är Spenden op 27, rue de Brouch 7481 Tuntange ofgin (einfach viru di grouss Scheierpaart stellen) oder zu Käerjeng am Reitstall um Schack

https://www.facebook.com/share/r/19F1jXPMTT/?mibextid=UalRPS

De Roberto, kastréierte Bock vu 15 Joer ass de leschte Iwwerliewende vu senger Famill. Hien soll awer net eleng bleiwe d...
11/11/2024

De Roberto, kastréierte Bock vu 15 Joer ass de leschte Iwwerliewende vu senger Famill. Hien soll awer net eleng bleiwe dofir sicht hien e neit Doheem bei enger Chinchilla Madame oder an engem Grupp.

Wann dir intresséiert sidd kënnt dir eng PN un Giselle Braun schreiwe

Update: de Muppes plënnert haut, wann alles gudd klappt huet hien seng Famill fonnt 🍀De Chorizo, intakte Ritt vu 5 Joer,...
08/11/2024

Update: de Muppes plënnert haut, wann alles gudd klappt huet hien seng Famill fonnt 🍀

De Chorizo, intakte Ritt vu 5 Joer, knéihéich, em di 15kg, sicht een Doheem.
Säin Meeschter ass aus der Wunneng gesat ginn a krut mat Hëllef vu der Assistante sociale en Zëmmer ze lounen, allerdéngs sinn do keng Déieren erlaabt. Hien hänkt immens u sengem Mupp, huet awer agesinn dass et besser ass sech vun him ze trennen, vill Tréinen si gefloss wéi mir en ofgeholl hunn.
De Chorizo ass een immens léiwen a éischter rouege Mupp dee frëndlech mat all Mënsch ass. Allerdéngs hat hien bis elo weider kee Kontakt zu aneren Hënn sou dass eng Eenzelplaz warscheinlech am beschte fir hien wär. Di Fra di hien am Ablack versuergt beschreift hien als Bijou, immens léif, relax am Haus an onproblematesch fir eleng ze bleiwen. Hien ass och propper a mécht näischt futti. Dobausse besteet Trainingsbedarf, hien reagéiert op Autoen, Vëloen an aner Hënn, en Doheem a ländlecher Géigend wär dofir warscheinlech am beschten.

Tel 691571512

Dëss Kaz ass geschter an der Stad beim Hamilius fonnt gin, si huet en  Chip den awer leider néirens agedro ass. Well se ...
08/11/2024

Dëss Kaz ass geschter an der Stad beim Hamilius fonnt gin, si huet en Chip den awer leider néirens agedro ass. Well se ganz verluer gewiirkt huet hun d‘Leit se mol mat heem geholl.

De Proprietär ka sech per PN bei eis mellen

06/11/2024

Chien trouvé aujourd'hui le 6.11.2024 à Kayl, femelle, sans Chip

Le propriétaire peut prendre contact avec l'Asile pour Animaux Régional-Dudelange par téléphone au 288 00 244 ou par mail à [email protected]

D'Lexi ass am Summer aus dem Krichsgebitt an der Ukrain bei eis an d'Land komm, usech sollt hatt definitiv bei engem vun...
02/11/2024

D'Lexi ass am Summer aus dem Krichsgebitt an der Ukrain bei eis an d'Land komm, usech sollt hatt definitiv bei engem vun eise Membere bleiwen a net vermëttelt ginn. Leider weist sech awer ëmmer méi dass hat net glécklech an enger Hondsgrupp ass, mat neien Hënn net zuwee kënnt, a virun allem de Max, eisen Epileptiker attackéiert wann hien eng Kris mécht. Hatt muss lo net dringend vermëttelt ginn, awer wann sech dat passend Doheem fënnt da loosse mer hatt goen. Hatt ass sou ee geniale Mupp, léif, propper, super intelligent an un allem intresséiert dass hatt ee bessert Liewe verdéngt huet wéi dat wou mir him kënne bidden.
Hatt ass ëm di 8 Joer al, kastréiert, knapp knéihéich a weit 12kg. Vermëttelt gëtt hatt als Eenzelhond oder bei maximal ee Ritt u Leit di gär trëppele ginn, duerchaus och gréisser Tir
[email protected] oder PN un eis Säit wgl

01/11/2024
Update, si wunnen do a bécksen just ëmmer aus dem Gard ausDëss zwou Nengien hoppelen bei der Promenade de la Sûre zu Die...
31/10/2024

Update, si wunnen do a bécksen just ëmmer aus dem Gard aus

Dëss zwou Nengien hoppelen bei der Promenade de la Sûre zu Diekrech

Update: di zwee sin a hir neit Famill geplënnert. Ganz grousse Merci fir dat villt Deelen!Snoopy an d’Leni si Geschwëste...
31/10/2024

Update: di zwee sin a hir neit Famill geplënnert. Ganz grousse Merci fir dat villt Deelen!

Snoopy an d’Leni si Geschwëster, 9 Joer al, a leider och dringend op der Sich no engem Doheem. Hire Mënsch ass virgëschter gestuew a vu der Famill kann aus gesondheetleche Grënn keen se iwwerhuelen. Am Ablack gi se nach doheem versuergt, d’Madam ass awer blann a wäerd kuerzfristeg och an d’Blannenheem plënneren.
Di zwee si gudd a Form a ganz léif Muppen, d’Leni ass kastréiert, de Snoopy intakt. Si hänken immens uneen a sollte zesumme vermëttelt gin, och eng Flegeplaz wär schon eng grouss Hëllef

Tel 691571512 oder PN un eis Säit

Update: D’ Daisy konnt an eng Flegefamill plënnerenD’Daisy ass haut mat sengem Besëtzer aus der Ukraine bei eis an d’Lan...
30/10/2024

Update: D’ Daisy konnt an eng Flegefamill plënneren

D’Daisy ass haut mat sengem Besëtzer aus der Ukraine bei eis an d’Land komm.
Am Primo Acceuil si keng Déieren erlaabt, souwisou gin d’Leit och mëttlerweil do just opgeholl nodeems se am Guichet vu der Immigratioun passéiert sin, de Guichet ass just Donneschtes Moies op …
Mir hun di zwee lo mol fir 2 Nuechten an engem Hotel ënnerbruecht. Falls de Mann dono därf an de Primo Acceuil (dat Zeltlager niewt der Coque) bräichte mir eng Léisung fir d’Daisy: wien kéint hatt fir 2-4 Wochen versuergen? Hatt ass ganz léif mat 2- a 4-beener
Tel 691571512

Update: de Chorizo plënnert de Moien op eng Flegeplaz🚨🚨🚨De Chorizo, intakte Ritt vu 5 Joer, knéihéich, em di 15kg, sicht...
30/10/2024

Update: de Chorizo plënnert de Moien op eng Flegeplaz

🚨🚨🚨De Chorizo, intakte Ritt vu 5 Joer, knéihéich, em di 15kg, sicht ultradringend e Doheem oder Flegestell, zur Nout och eng vun eis bezuelte Pensioun. Säin Meeschter ass aus der Wunneng gesaat gin, kann Freiden awer an een Zëmmer plënneren, allerdengs ouni Mupp. Hien hängt immens u sengem Déier, huet awer lo agesi dass et besser ass sech vun him ze trennen.
De Chorizo ass een immens léiwen an éischter rouege Mupp dee frëndlech mat all Mënsch ass a duerchaus och geegent fir Ufänger. Allerdengs hat hien bis elo weider kee Kontakt zu aneren Hënn sou dass eng Eenzelplaz wahrscheinlech am beschte fir hien wär.

Wien kann hei hëllefen, et brennt leider wirklech

Tel 691571512

30/10/2024
Well grad am Ablack vill Reklamm fir sougenannte Minischwäin gemaach gëttEe Guss, egal wéi grouss oder kleng et ass brau...
28/10/2024

Well grad am Ablack vill Reklamm fir sougenannte Minischwäin gemaach gëtt
Ee Guss, egal wéi grouss oder kleng et ass brauch Aartgenossen an e grousse Terrain wou se buddelen an sech am Bulli suhle kënne. Eenzelhaltung ass NET artgerecht

https://naturkindmagazin.de/minischweine-im-garten-halten-das-solltest-du-wissen/?fbclid=IwZXh0bgNhZW0CMTEAAR0q_Aus2lwXumN8V3FYNGeU83fdIzuV4ZJv1Gvpj9ui0NTqJcBuO4ZB2bI_aem_QqEI0qL4xssyc8UTk4Xhgg

Seit Kurzem leben zwei Minischweine auf dem Naturkind Hof und alle sind verliebt in die süßen Rüsselnasen. Aber ihre Couteness sollte nicht der Grund für den Einzug von Minischweinen im eigenen Garten sein. Was du bedenken solltest, wenn du mit dem Gedanken spielst, diese Tiere in dein Leben zu ...

28/10/2024

Den Olli kënnt aus dem Krichsgebitt an der Ukrain, hien ass säit puer Wochen an enger Flegefamill a mécht sech lo sou lues op d'Sich no engem Doheem.
Wéi en ukoum hat en a senger Bluttanalys positiven Ehrlichios a Babesios Titer, béid Krankheete goufe behandelt a dierfte lo Geschicht sinn.
Den Olli gesäit net nëmme witzeg aus, hien ass ee Mupp deen een einfach muss gär hunn, och wann a punkto Erzéiung nach munches muss vu der neier Famill geleescht ginn.
Hien ass ëm di 4 Joer al, kastréiert, natierlech gechipt a geimpft, verdréit sech mat all Hond, kéint awer och als Eenzelhond liewen. Kaze sollte wahrscheinlech éischter net a sengem Doheem sin.

[email protected] oder PN fir hien kenne ze léieren

Dëss Jungs si nach op der Sich no engem Doheem: 4 Ardenner Mix vu 2024, 2 Ardenner vu 2024 an 1 Ardenner vu 2021(?).Se s...
28/10/2024

Dëss Jungs si nach op der Sich no engem Doheem: 4 Ardenner Mix vu 2024, 2 Ardenner vu 2024 an 1 Ardenner vu 2021(?).
Se si rezent kastréiert a gi natiirlech just an ee schluechtfräit Doheem vermëttelt.
Tel 691571512 oder PN un eis Säit

Update:1073,5 kg Honds-Drëschefudder, 88,2 kg Honds-Naassfudder, 275 kg Katzen-Drëschefudder, 84 kg Katzen-Naassfudder, ...
16/10/2024

Update:
1073,5 kg Honds-Drëschefudder, 88,2 kg Honds-Naassfudder, 275 kg Katzen-Drëschefudder, 84 kg Katzen-Naassfudder, 3 Käfeger, 2 Tuuten mat Gezei an 8 mat Decken si lo am Camion Destinatioun Dnipro bei Shelter Friend - Ukraine.
Staark, villmols Merci un all d‘Spender!

Ee ganz grousse Merci awer och u LUkraine asbl di eis dat erméiglechen!
Kukkt iech roueg och mol hir Säit un, ee Veräin dee Grousses leescht a frou ass fir all Ënnersëtzung
https://lukraine.org/

Freiden lueden mir d’Spenden fir d’Ukraine an eisen Unhänger, Samsten gin se op d’Rees.
Falls nach een hei ee léiwe Gest wëll machen: mir kéinte nach di eng oder aner Tut Fudder gebrauchen. Et misst allerdings nach zou sin an min 10kg Tuten (Hond a Kaz)
(de Camion hëllt et ouni Pallett mat an et sollt stapelbar sin)
Ofzegin zu Tënten, 27 rue de Brouch, et kann een et einfach virun d’Scheier stellen

Address


Telephone

+352691571512

Website

Alerts

Be the first to know and let us send you an email when deieren an nout posts news and promotions. Your email address will not be used for any other purpose, and you can unsubscribe at any time.

Contact The Business

Send a message to deieren an nout:

Videos

Shortcuts

  • Address
  • Telephone
  • Alerts
  • Contact The Business
  • Videos
  • Claim ownership or report listing
  • Want your business to be the top-listed Pet Store/pet Service?

Share