03/01/2025
Och am neien Joer probéiert d'Schnuffenhëllef Iech rëm souvill ze hëllefen ewéi et méiglch ass
Kontakt:
Facebook/Schnuffenhellef oder 621 134 008
www.schnuffenhellef.lu
Villmools Merci un Team vum Veterinaire des Cerisiers vu Bouferdeng, fir hir wäertvoll Ënnerstëtzung.
Ech sinn Member vum FNT ( Fachverband niedergelasseneer Tierheilpraktiker).
Ech wäert natierlech och dëst Joer rëm vill Fortbildunge maachen, déi si ganz wichteg fir all Zesummenhäng ze gesinn.
Ass Pattcast mat mir an dem Dr. El Khoury Rawad beim RTL iwwer dat interressant Thema ALLERGIEN https://play.rtl.lu/shows/lb/pattcast/episodes/r/2158089
Dir könnt mech an ee Praxis Sall vum Dr. Rawad El Khoury zou Bofferdeng bei Luerentzweiler besichen kommen oder ech kommen Iech heem.
Proposéiert Servicer fir all Déieren (Mupp, Kaz, Päerd, Nager, Notzdéieren asw.)
Bioresonanztherapie: Ongläichgewiicht vum Déier erkennen an erëm an Gläichgewiicht bréngen
Lasertherapie: Ech hu mech och an der Biomodulatioun dat heescht Lasertherapie weidergebilt, an do kann ech Iech bei villen Krankheetsbiller och gutt weider hëllefen, an ass och klinesch bewisen.
Ostepathie a Kraniosakral Therapie: Osteo a Kraniosakraltherapie machen ech bei Hond a Kaz hun do mein Diplom bei der Dift gemach fir Hond a Kaz an Kraniosakral beim Tina Doxtader, fir Päerd, hond a Kaz.
Kal Plasma Therapie: Uwennunge bei: Bëssverletzungen, Ekzemer/Hot Spot, Spondylose, Entzündung, Muskelentspanung, Schwellungen, Neuropatesch Schmierzen, Wonnen, Verätzungen/Verbrennungen, Krallebettentzündunge, Speicheldrüsenentzündung
Phytotherapie a Mykotherapie: Kraiderheelkond beschäftegt sech mat der Préventioun an der Behandlung vu Krankheeten.
Faarfliichttherapie: Faarfliichttherapie ass bekannt derfir, bei der Heelung vu kierperlecher a psychescher Erkrankungen ze hëllefen.
Bluddegeltherapie: Bluddegele gi bei den Déiere fir bei Schwellungen, Entzündungen, Gelenkerkrankungen (Dysplasien), Phlegmone, Bandscheifenvirfall, Kissing Spines asw. a beim Päerd kënnen se fir Houfrehe , Spat, Schuel, Summerekzem asw. agesat ginn.
Homeopathie: Homeopathie ass eng Reiz a Regulatiounstherapie
Bachbléie a Schüsslersalze Berodung: Bachbléien a Schüsslersalze Berodung: Bachbléie sinn hëllefräich bei Stressproblemer, a Schüsslersalze kënne gutt bei Gelenksproblemer agesat ginn.
Kazeverhalenstherapie (Harnverhalen, Aggressioun, Angschtverhalen, Fokaliséieren asw.)
Muppeverhalenstherapie ( Harnverhalen, iwwerméisseg Billen, Angschtverhalen, Aggressioun, asw.)
Muppen a Kaze Ernierungsberodung: (Individuell erstallte Ernierungspläng fir Mupp, Fudderberodung)
Mëttelstroumtherapie (Amplimove) Eng schounend Schmierzbehandlung, awer och Inkontinenztherapie a Massage si mam Ampli Move Apparat méiglech.
Wichteg: Meng Rotschléi ersetze kee Veterinaire, derfir ass Zesummenaarbecht mam Dr.Rawad El Khoury a sengem Team och esou wichteg.
Fir Verhalensproblemer an gesondheetlech Problemer vun ären Deieren aus Schnuffenhellef dei richte