Fir d'Entwécklung vu Kraaft a Muskulatur huet d'Dehnungshaltung beim Willi vill gehollef. Den Zäitpunkt an d'Dauer, wou ech d'Päerd an där Haltung lafe loossen, sinn ënnerschiddlech an hänke vu verschidde Fakteuren of, wéi zum Beispill d'Anatomie oder den Trainingszoustand vum Päerd. D'Dressur soll sech ëmmer dem Päerd upassen.
#dressagetraining #equitation
🌼 Berëttpäerd Willi galoppéiert mëttlerweil méi energesch a kräfteg no vir. Et freet mech ze gesinn, wéi hien no 2 Joer Berëtt sech bei mir entwéckelt huet. Merci u seng Besëtzerin fir hiert Vertrauen 🐎❤
#horsetraining #equitation #horseriding #dressagetrainer
Relax an der Summerzäit☀️ D'Losgelassenheit vum Päerd ass fir mech e wichtege Bausteen vun der Ausbildung. Déi äussert sech net nëmmen duerch d'Gangbilt vum Päerd, mee och duerch d'Spille vum Maul mam Gebëss. E lockert Päerd ass virun allem gesprächeg am Maul a kommunizéiert mat der Hand vum Reider.
D'Beweeglechkeet vum Maul vum Päerd erreecht een, andeems een d'Päerd reegelméisseg a korrekt gymnastizéiert. Päerd, déi fest am Maul sinn, schaffen ech vill am Schrëtt, well esou d'Muskulatur gelockert gëtt an d'Päerd eng besser Schubkraaft entwéckelt.
Wanns du dir och e gespréichegt Maul bei dengem Päerd wënschs kanns du dech gär bei mir fir Berëtt a Reitstonne mellen😊
#horsetraining #equitation #luxembourg #summervibes
Dës Woch hate mir harmonesch Momenter an eiser Handaarbechtstonn🐴☀️💞 Mat dësem schéine Video trabe mir gemittlech an de Weekend.
#horsetraining #weekend #positivevibes
❄️E schéine Start an de Wanter❄️ An der kaler Joreszäit steet fir d’Päerd Gymnastik um Programm😊
#norikerpower #dressagetraining #wintertime
Entspaant, locker an energesch – Esou gefale mir meng jonk Berëttpäerd. Ech leeë grousse Wäert op de Vorwärtsdrang an der Ausbildung: Hei heescht et, den Päerd bäizebréngen, hir Energie iwwert de Kierper richteg ze verdeelen, ouni dass se d'Loscht um Lafen verléieren. "Vorwärts" huet net mat Vitesse ze dinn, mee, engersäits, mat Fläiss an Hannerhandaktivitéit, anerersäits, mam Wëlle vum Päerd, no vir ze lafen. E Päerd, wat Freed um Schaffen huet, leeft och gär a léiert mat der Zäit sech richteg ënnert dem Reider auszebalancéieren🌈💜🐎
#younghorsetraining #dressagerider #equitation #positiveenergy
🍁🍁🍁 Flott ënnerwee an der Dehnungshaltung... Eng wichteg Übung, duerch déi een den Takt, d’Entspanung an d’Anlehnung vum Päerd iwwerpréiwe kann. Ech weisen op dem Philippe Karl säi Buch "Dérives du dressage moderne" (2006) hin, wou hien ausféierlech erkläert, wéi d’Dehnungshaltung (fr. extension d’encolure) soll ausgesinn fir eng positiv Auswierkung op déi kierperlech a mental Entwécklung vum Päerd ze hunn. Fir korrekt an der Dehnungshaltung kënnen ze schaffen muss d'Päerd nämlech geschmeideg an ausbalancéiert sinn💫🎠
Ech selwer reide meng Berëttpäerd pünktlech an der Dehnunshaltung, beim Opwiermen an Ofkillen, fir d'Muskulatur ze strecken oder de Réck z'entlaaschten. Wéi mat all aner Übung muss een sech der Anatomie an de kierperlech Fäegkeete vum Päerd upassen. Bei jonk oder schif Päerd déi nach net ausbalancéiert sinn oder bei verspaante Päerd muss ee fir d'éischt un der Asymmetrie (op Däitsch schwätzt ee vu "Schiefe") an un der Geschmeidegkeet schaffen, éier een se an enger richteger Dehnungshaltung reide kann. Dat ass natierlech e laange Prozess, dee vill Aarbecht, Gedold an Zäit verlaangt.
#horsetraining #equitation #dressagerider
E schéine Start an den Hierscht🍁🍂🍄🍁🍂🍄
Ech freeë mech ëmmer, wann d'Päerd Fortschrëtter maachen. Och de klengste Fortschrëtt soll belount ginn, fir d'Motivatioun vum Päerd z'erhalen.
#enjoythelittlethings #horsetraining #equitation #sellefrancais #automnvibes
Eng schéi Woch gewënscht💚 Mëttlerweil léiert dëse jonken Trakehner um Langzügel an an der Doppellonge ze schaffen. En huet séier verstanen, wat gefrot war, an déi éischt Kéier si mer schonn en Tierchen an de Bësch trëppele gaangen🌳🌳🌳
#trakehner #younghorses #horsetraining
Reit dir vill am Schrëtt?🙂🐴
An dëser Video weist e jonken Trakehner seng Fortschrëtter, souwuel am Schrëtt wéi am Trab. An zwar leeën ech genee sou vill Wäert op déi lues Gangaart wéi op déi séier, wann net suguer méi. ☘️De Schrëtt ass d'Basis vun der Ausbildung a soll, no der klassescher Reitlehre, gefleegt ginn☘️ Sou léiert d'Päerd säi Kierper besser kennen, a Rou ze schaffen an et entwéckelt eng gutt Koordinatioun, déi et duerno an de méi séiere Gangaarte mathuele kann.
#equitation #luxembourg #horsetraining #younghorses #trakehner
☀️Profitez de l'été pour habituer votre jeune cheval au travail en extérieur☀️
De nature curieuse et éveillée, Mary est très attentive à son environnement. Grâce à la préparation à pied durant ces derniers mois, elle parvient à se concentrer en extérieur. Les balades en forêt font également partie du programme de l'été🌿🌳
Apprendre au cheval à faire confiance aux aides, c’est l’un des buts du travail en main, une technique conservée dans les grandes académies équestres, notamment en équitation portugaise. Lorsqu’il est correctement fait, le travail en main favorise le développement physique et la motivation du cheval.
Un cheval bien préparé en main apprend à faire confiance à l'homme et, par extension, au cavalier. C’est une étape clé du dressage du cheval !🐴
#younghorse #horsetraining #luxembourg #groundwork
Dëse Sonnden huet den Joker mol erëm e flotten Nomëtte mat senge Liiblingsreider verbruecht🥰 Den Joker hëlleft hinnen, de Rythmus ze fannen, sech locker ze maachen a kierperbewosst ze reiden🧘♀️
All Reider huet en optimale Sëtz deen et him duerno erméiglecht, harmonesch mat sengem Päerd ze kommunizéieren. Physesch a mental Balance stinn hei am Mëttelpunkt, esou bleiwen Reider a Päerd gesond🌿
#simulator #equitation #luxembourg #horseriding #reiten #healthytraining #mindfulness #bodyawareness
Some positive perspectives - Pull-up is a very willing horse. Even though she has to make a lot of efforts to build up her muscles again, she always does her best during training. Working on half steps and developing the piaffe will help reinforce her hindquarters and, mostly, strengthen her back🌷🍃❤️
#equitation #equestrian #horsetraining #dressage #dressagehorse #groundwork #bodenarbeit
Premiers pas au travail en main pour Barney - Pour ce jeune Quarter Horse, il s’agit d’abord d’apprendre la signification des différents signaux à pied pour qu’il développe sa concentration et améliore sa coordination. En tout cas, Barney est sur la bonne voie🥰
-------------------------------------
First steps in-hand for Barney - First of all, the young Quarter Horse needs to learn the meaning of the different signals on the ground, so he can develop his concentration and improve his coordination. In any case, Barney is on the right track🥰
#quarterhorse #classicaldressage #dressagetraining #groundwork #equitation #horsemanship #luxembourg
Milah progression
🌿Progression de Milah, petite jument Tinker qui, lorsque nous avons commencé les leçons, était toute stressée et transpirait beaucoup dès qu'on lui demandait quelque chose.
Durant ces derniers mois, nous nous sommes concentrés sur la décontraction mentale de la jument et nous avons travaillé sur la douceur des aides de sa cavalière. La jument s'est beaucoup calmée, elle se décontracte plus vite et donne ses premières flexions de nuque.
Le résultat en vidéo 🙂
---------------------------------------
🌿Progression of Milah, a little Tinker mare who, when we started with the lessons, was all stressed out and sweaty as soon as she was asked to do something.
Over the past few months we have been focusing on her mental relaxation and working on the gentleness of her rider's aids. The mare has calmed down a lot, she relaxes faster and gives her first neck flexions.
Watch the results in this video :)