Déierenasyl Gaasperech

Déierenasyl Gaasperech Déierenasyl vu Gaasperech
Zanter 1964
Vermëttlung, Fonddéieren, Noutfäll

La « Lëtzebuerger Déiereschutzliga A.s.b.l. » est reconnue établissement d’utilité publique par arrêté grand-ducal du 29 septembre 2012. Les dons sont déductibles du revenu imposable dans les limites fixées à l’article 109, alinéa 1 n°3, de la loi concernant l’impôt sur le revenu. Le présent document peut vous servir de justificatif vis-à-vis de l’Administration des Contributions.

EEMOL ALLESEt ass duerchaus praktesch, dass Muppe net schwätze kënnen. Stellt Iech emol vir, Dir sëtzt am Restaurant, de...
24/01/2025

EEMOL ALLES

Et ass duerchaus praktesch, dass Muppe net schwätze kënnen. Stellt Iech emol vir, Dir sëtzt am Restaurant, de Serveur freet, wat jiddereen iesse wëll, an ënnert dem Dësch héiert ee just en enthusiastescht "Eemol alles wannechgelift!". Sou an net aanescht géif sech dat nämlech ofspillen, wann d'MARAIA schwätze kéint.

Mir hunn iwwert d'Joere nawell net wéineg Muppe kenne geléiert, mee dem Maraia säin Honger ass ganz sécher an den Top 5 a léisst sou munche Retriever hanner sech. D'Maraia huet elo 11 Joer a säi Vétérinärsdossier ass alles anescht wi kleng, sou dass sech säin Hongergefill héchstwahrscheinlech medizinesch erkläre léisst, ma d'Maraia huet bei der leschter Consultatioun net richteg nogelauschtert, sou dass Dir dowéinst selwer mat eisem Vétérinär schwätze misst.

Trotz sengem Alter ass d'Maraia awer fit wéi eng Turnschlapp. Hatt ass immens gär um Tour an och bei eise Spadséiergänger immens beléift. Dëst läit zum engen drun, dass hatt gudd follegt a fir AmStaff-eg Verhältnisser och propper un der Léngt geet. Zum aneren ass säi Bléck, wann et probéiert no Kichelcher ze heeschen, fir ze schmëlzen.

Allgemeng ass d'Maraia en immens léiwen an douce Mupp. Hatt ass zwar zimmlech gestresst bei eis am Asyl, mee wann ee mat him eng Zäitchen ënnerwee ass, oder seng Fleeger sech mol fir eng Véierelstënnchen a seng Box setzen, da berouegt hatt sech a weist, wat fir eng Schmierpan hatt ass.

D'Maraia géif sech dowéinst freeën, fir séier an engem gudden Doheem ënner ze kommen. Hatt ass ëmgänglech, billt net, zerstéiert net, ass propper a soulaang pünktlech d'Fudder op den Dësch kënnt, versprécht hatt, e brave Mupp ze sinn.

Wann Dir nach eng motivéiert Begleedung fir an de Restaurant sicht, da rufft eis un um ☎ 48 13 13 1 oder kommt eis op Gaasperech besichen.
---
Als American Staffordshire Terrier fällt d'Maraia ënnert d'Lëschtenhondgesetz. Fir hatt ze adoptéiere muss een de Muppeführerschäin hunn. D'Maraia huet seng Prüfung mat Bravour bestanen. Fir weider Informatiounen zum Thema, zéckt net fir eis drop unzeschwätzen.

OP SE MAT GEBRËLL!Et huet scho seng Grënn, wisou de Réihpinscher och gär mol "Mini-Dobermann" genannt gëtt. Trotz modera...
22/01/2025

OP SE MAT GEBRËLL!

Et huet scho seng Grënn, wisou de Réihpinscher och gär mol "Mini-Dobermann" genannt gëtt. Trotz moderater Gréisst an éischter läppeschem Gewiicht sinn di kleng Muppe komplett angschtfräi a liicht gréissewahnsinneg. Den TITOU ass do keng Ausnahm. Et kéint ee behaapten, dass dee wëlle Biddestopp et mat senge jonken 2 Joer einfach nach net besser wees, mee dat ass Kabes. Hie wees ganz genau wat e wëll an e mécht do och kee Geheimnis draus.

Den Titou huet sech zur Missioun gemaach, fir a sengem Quartier de gréisste Gangsterboss vun en alleguer ze ginn. Publicitéit ass wichteg, deemno deelt den Titou lautstaark mat, wann hie sech op de Wee fir e Kontrolltour mécht. "Wann ee no baussenhi keng Schwächt weist, da gëtt ee respektéiert!", denkt sech den Titou wuel, wann hie breedbeeneg duerch d'Géigend stolzéiert a seng Aartgenossen umault.

Dass hannert där haarder Schuel amfong en immens léiwen an zoutrauleche Kärelche stécht, dat weist den Titou héchstens doheem a senge 4 Maueren. Hie bënnt sech immens staark u seng Mënschen. Fir genau ze sinn, huet hie souguer Angscht fir ze laang eleng ze bleiwen, mee verzielt him net, dass mir Iech dat hei verroden hunn 🫣

Den Titou ass en Hond, fir den een eng gudd Portioun Humor brauch. Hien ass heiansdo wierklech ustrengend, an trotz senger Gréisst kann et och mol virkommen, dass hien an engem Ufall vun Trennungsangscht Ärt Lieblingskëssen auserneen hëllt. Hien ass jalous, schléit Kaméidi a wann een ze lues ass, da schnaapt en och alt mol gär. Mee den Titou ass awer och en unhängleche klenge Mippchen, deen am léifsten an een erakrabbele wéilt.

Hien ass frou mat Kanner, wann och heiansdo jalous, a mat deene meeschte Muppe gëtt hie gudd eenz. Wann ee sech e wéineg mat senger Erzéihung ausernee setzt, an him ze verstoe gëtt, dass e Liewen als Gaassebouf zu näischt féiert, dann ass hien de perfekte Begleeder, dee garantéiert iwwerall matkomme wëll.

Optimalerweis, an dat soe mir virun allem aus Respekt a Matgefill zu Äre Noperen, sollt Dir an engem fräistoenden Haus wunne, wann Dir den Titou adoptéiere wéilt, well déi Lautstäerkt, déi aus där halwer Portioun Mupp do rauskënnt, ass net ze ënnerschätzen.

Wann Dir nach Ouerestëpp doheem hudd, da rufft eis un um ☎ 48 13 13 1 oder kommt eis op Gaasperech besichen.

E MUPP FIR AM ALTER 🐶👵Et gëtt jo nawell net wéineg Gerüchter iwwer eisen Déierenasyl. En absolute Klassiker ass d'Behaap...
18/01/2025

E MUPP FIR AM ALTER 🐶👵

Et gëtt jo nawell net wéineg Gerüchter iwwer eisen Déierenasyl. En absolute Klassiker ass d'Behaaptung, dass eeler Leit oder Leit ab Alter X bei eis keen Hond méi adoptéieren dierfen. Dass dëst natierlech zimmleche Kabes ass, versteet sech iirgendwéi vun eleng, mee mir wëllen awer mol op dat Thema agoen.

Wann ee sou driwwer nodenkt, ass et amfong souguer eng zimmlech gudd Iddi, fir Muppen un eeler Leit ze vermëttelen, an dofir gëtt et och méi wi ee Grond.

Wou Liewenserfahrung openeen trëfft, do geet seelen eppes schief. Ganz besonneg ass dëst de Fall, wann eng eeler Persoun an en eelere Mupp zuenee fannen. Déi wëllste Joere si fir béid eriwwer, Chaos an adrenalinbefeiert Hau-Ruck-Aktioune gehéieren der Vergaangenheet un. De Fokus huet sech ganz einfach mat der Zäit verännert an aner Qualitéite vum Liewe gi wäertgeschätzt. Zesumme spadséiere goen oder e gemitterlechen Nomëtteg op der Couch verbrénge kléngen op eemol vill méi interessant, wéi de ganzen Dag vun A op B ze hetzen mat der tickender Auer am Genéck.

Dat bréngt eis direkt op de nächste Punkt: Zäit. Mam erreeche vun der Pensioun huet een op eemol rëm immens vill Zäit zur Hand, déi een sech déi lescht 40 Joer am Aarbechtsliewen nëmmen erdreeme konnt. Dës Zäit kann een natierlech wonnerbar an e Mupp investéieren. De Mupp wäert doriwwer méi wi glécklech sinn, fir kënnen de ganzen Dag mat sengem Mënsch ze verbréngen.

Och d'Liewenssituatioun am Allgemengen huet sech bei de meeschte Leit am Alter immens calméiert. D'Kanner si scho laang aus dem Haus an hunn hoffentlech hiere Kaméidi an hiere Bordell matgeplënnert. Wa kee méi sech Moies fir op d'Aarbecht stresse muss, da kann ee sech beim opstoen och emol Zäit loossen, a Partyë bis an d'Nuecht kommen och ëmmer mi seele vir. Fir en onsécheren oder introvertéierten, mee och fir vill eeler Muppen ass dat amfong ideal. Si brauche keng Reiziwwerflutung a sinn dankbar fir e rouegen Eck enzuech, wou si an hierem Tempo hiert Muppeliewe féiere kënnen.

An och fir eeler Mënsche bréngt e Mupp vill Virdeeler mat sech. Och dee liddregsten a middste Mupp muss heiansdo virun d'Dier. Dass frësch Loft gudd deet, brauche mir Iech jo net ze erklären, ma wann ee mat sengem Véierbeener ënnerwee ass, da begéint een och ëmmer mol rëm aner Leit an et kënnt een an d'Gespréich. Sou bleiwt een och ëmmer um Courant doriwwer, wat sech sou am Duerf deet. 😜

Bei alle Virdeeler, déi e Mupp esou fir eeler Leit mat sech bréngt, soll een sech awer och nach iwwer zwee wichteg Punkte Gedanke maachen, ier een dëse Schrëtt geet.

Zum enge geet et leider am Alter mat der Kraaft an der Fitness lues biergof. Wee vläicht fréier nach mat engem Dobermann all Dag 15km duerch de Bësch gewandert ass, deen ass haut mat enger Partie Joere méi um Bockel net méi sou motivéiert, fir sech vun engem 35kg schwéieren Hobbyrambo duerch d'Welt zéihen ze loossen. Heiansdo ass et eng batter Pëll fir sech anzegestoen, dass et awer net méi grad sou gudd geet wi fréier, mee fir d'Liewensqualitéit vu Mupp a Mënsch muss dës awer geschléckt ginn. Et sollt ee schon no engem Mupp sichen, dee vun der Gréisst, Kraaft an Energie bei ee passt; allgemeng, an ëmsou méi am Alter.

Zum aneren ass näischt fir d'Éiwegkeet, an egal wéi gudd ee sech haut nach spiert, e Mupp kritt gäre mol 15 Joer an des Zäit muss een och am Viraus plange kënnen. Mat 60 Joer sollt dat nach kee Problem duerstellen, mee mat 75 oder 80 Joer ass et vläicht keng sou eng gudd Iddi méi, e wierklech jonken Hond ze adoptéieren. Idealerweis sollt ee sech och e klengen Noutfallplang präparéieren, jüst fir de Fall. A wann alles schief leeft, da si mir jo natierlech och nach ëmmer do fir ze hëllefen.

Wann een sech iwwer all dat e puer Gedanke gemaach huet, da steet dem Projet Mupp amfong näischt méi am Wee. Mir beroden Iech gär op der Sich no ärem Kompagnon fir d'Pensioun. Kommt gäre bis laanscht lussen oder rufft eis un um ☎ 48 13 13 1.
---
(Den Auteur vun desem Artikel ass zaarter 31 Joer jonk an huet absolut kee Plang, wéi et effektiv ass, am Alter ze sinn. Sidd w.e.g. léif mat ëm, falls en Dommheete geschriwwen huet, hie wees et net besser... 👼)
---
Foto vu pexels.com - Gundula Vogel

WAT EN ALE MUPP EBEN ESOU MÉCHTD'Alldagsgestaltung vun ale Muppen ass schon heiansdo immens amüsant ze observéieren. Mat...
09/01/2025

WAT EN ALE MUPP EBEN ESOU MÉCHT

D'Alldagsgestaltung vun ale Muppen ass schon heiansdo immens amüsant ze observéieren. Mat reliéiser Präzisioun gëtt sech un de Plang gehalen a wéi et schéngt kann och näischt déi Ritualer stéieren. Beim GAIA ass et do net anescht. Mat senge bal 11 Joer huet hatt eng ganz kloer Iddi, wéi et ze lafen huet.

Säin Dagesoflaf ass kloer strukturéiert. Opstoen, iessen, Zeitung liese goen, Moiesrascht, spadséieren, Mëttesrascht, iessen, an d'Bett goen; vu Méindes bis Sonndes, Januar bis Dezember. Fir Experimenter fënnt hatt sech wuel ze al mëttlerweil. Dobäi ass d'Gaia amfong nach immens fit. Säin alldeeglechen Trëppeltour dauert gudd zwou Stonnen an hatt ass ëmmer motivéiert ënnerwee.

D'Gaia ass ausserdem en immens unhängleche Mupp an als Beauceron ass et eng wierklech trei Séil. E rouegen an onopfällegen Hond ass et, mat engem onkomplizéierte Charakter. Mat anere Muppe gëtt d'Gaia je no Sympathie eenz an och mat eelere Kanner dierft kee Problem ze sinn.

Zwou Naupen huet d'Gaia awer. Zum enge kann hatt Dieren opmaachen. Et ass elo net sou, wéi wann hatt kilometerewäit fortlaafe géif, mee ustrengend kann dat awer scho sinn. Zum Gléck fënnt een am Internet gudd Instruktioune, wéi een d'Klänsche vun den Dieren ëmdréie kann.

Zum aneren ass d'Gaia immens fudderneideg. Bei senger Schossel huet keen eppes verluer, an heiansdo erhiewt d'Madamm dann och mol Usproch op d'Iesse vun de Mënschen. Dest Verhalen ass mat e puer klenge Mesuren awer gudd ze managen.

Wann Dir op der Sich no engem treie Compagnon sidd, da rufft eis un um ☎ 48 13 13 1 oder kommt eis op Gaasperech besichen.

Mir mellen eis am neie Joer dann och emol zeréck. Iech alleguer an Ären Déiere wënsche mir e schéint neit Joer an eng gu...
08/01/2025

Mir mellen eis am neie Joer dann och emol zeréck. Iech alleguer an Ären Déiere wënsche mir e schéint neit Joer an eng gutt Gesondheet.

Mir wollten dann awer och direkt emol d'Geleegenheet notze, fir merci ze soen.

Als alleréischt villmools merci un Fressnapf Luxembourg, notemment de Butték zu Bartréng, déi eis mat hierem Chrëschtbeemchen eng ganz Camionnett voll Spende gesammelt hunn. Ären Asaz ass super a bedeit eis immens vill.

Villmools merci awer och un all d'Privatpersounen, déi eis besonneg elo iwwer den Dezember Dag fir Dag Spende laanschtbruecht hunn. Eist Lager ass bis an de leschten Eck gefëllt, sou dass et eisen Déieren absolut un näischt feele wäert.

Et ass schéin ze gesinn, wéivill Asaz dorëmmer fir eis Déiere gewise gëtt. Loosse mir dat och am Joer 2025 bäibehalen 💪

D'Ekipp vum Déierenasyl an der Déiereschutzliga wënschen Iech, Ärer Famill an natierlech och Ären Déiere schéi Chrëschtd...
25/12/2024

D'Ekipp vum Déierenasyl an der Déiereschutzliga wënschen Iech, Ärer Famill an natierlech och Ären Déiere schéi Chrëschtdeeg 🎄🐶🐱❤️

🎄 MUPPENADVENTSKALENNER 🐶24 Deeg, 24 Zitater, 24 Muppen déi nach en Doheem sichen2️⃣4️⃣ LANA"Christmas is happiness that...
24/12/2024

🎄 MUPPENADVENTSKALENNER 🐶

24 Deeg, 24 Zitater, 24 Muppen déi nach en Doheem sichen

2️⃣4️⃣ LANA

"Christmas is happiness that lights up the world." — Dorothy Thompson

🎄 MUPPENADVENTSKALENNER 🐶24 Deeg, 24 Zitater, 24 Muppen déi nach en Doheem sichen2️⃣3️⃣ GUYLIAN"In the midst of the shop...
23/12/2024

🎄 MUPPENADVENTSKALENNER 🐶

24 Deeg, 24 Zitater, 24 Muppen déi nach en Doheem sichen

2️⃣3️⃣ GUYLIAN

"In the midst of the shopping and the wrapping and the arranging of presents under your tree this Christmas, may you not forget the gifts you cannot yet hold in your hands." — T.D. Jakes

🎄 MUPPENADVENTSKALENNER 🐶24 Deeg, 24 Zitater, 24 Muppen déi nach en Doheem sichen2️⃣2️⃣ FENIX"Christmas is the season fo...
22/12/2024

🎄 MUPPENADVENTSKALENNER 🐶

24 Deeg, 24 Zitater, 24 Muppen déi nach en Doheem sichen

2️⃣2️⃣ FENIX

"Christmas is the season for kindling the fire of hospitality." – Washington Irving

🎄 MUPPENADVENTSKALENNER 🐶24 Deeg, 24 Zitater, 24 Muppen déi nach en Doheem sichen2️⃣1️⃣ MARA"Christmas is not a season. ...
21/12/2024

🎄 MUPPENADVENTSKALENNER 🐶

24 Deeg, 24 Zitater, 24 Muppen déi nach en Doheem sichen

2️⃣1️⃣ MARA

"Christmas is not a season. It’s a feeling." – Edna Ferber

🎄 MUPPENADVENTSKALENNER 🐶24 Deeg, 24 Zitater, 24 Muppen déi nach en Doheem sichen2️⃣0️⃣ DJINN"Like snowflakes, my Christ...
20/12/2024

🎄 MUPPENADVENTSKALENNER 🐶

24 Deeg, 24 Zitater, 24 Muppen déi nach en Doheem sichen

2️⃣0️⃣ DJINN

"Like snowflakes, my Christmas memories gather and dance — each beautiful, unique, and too soon gone." — Deborah Whipp

🎄 MUPPENADVENTSKALENNER 🐶24 Deeg, 24 Zitater, 24 Muppen déi nach en Doheem sichen1️⃣9️⃣ TITOU"Christmas is a spirit that...
19/12/2024

🎄 MUPPENADVENTSKALENNER 🐶

24 Deeg, 24 Zitater, 24 Muppen déi nach en Doheem sichen

1️⃣9️⃣ TITOU

"Christmas is a spirit that flows from one heart to another. It is more precious than rubies and better than gold." — Agnes M. Pahro

🎄 MUPPENADVENTSKALENNER 🐶24 Deeg, 24 Zitater, 24 Muppen déi nach en Doheem sichen1️⃣8️⃣ GIBSON"The joy of brightening ot...
18/12/2024

🎄 MUPPENADVENTSKALENNER 🐶

24 Deeg, 24 Zitater, 24 Muppen déi nach en Doheem sichen

1️⃣8️⃣ GIBSON

"The joy of brightening other lives becomes for us the magic of the holidays." – W.C. Jones

🎄 MUPPENADVENTSKALENNER 🐶24 Deeg, 24 Zitater, 24 Muppen déi nach en Doheem sichen1️⃣7️⃣ MISSY"Christmas is a season for ...
17/12/2024

🎄 MUPPENADVENTSKALENNER 🐶

24 Deeg, 24 Zitater, 24 Muppen déi nach en Doheem sichen

1️⃣7️⃣ MISSY

"Christmas is a season for kindness, a time for sharing, a time for giving." — Beth Pearson

🎄 MUPPENADVENTSKALENNER 🐶24 Deeg, 24 Zitater, 24 Muppen déi nach en Doheem sichen1️⃣6️⃣ SHANIKA"Christmas magic is silen...
16/12/2024

🎄 MUPPENADVENTSKALENNER 🐶

24 Deeg, 24 Zitater, 24 Muppen déi nach en Doheem sichen

1️⃣6️⃣ SHANIKA

"Christmas magic is silent. You don’t hear it — you feel it, you know it, you believe it." — Kevin Alan Milne

🎄 MUPPENADVENTSKALENNER 🐶24 Deeg, 24 Zitater, 24 Muppen déi nach en Doheem sichen1️⃣5️⃣ TIPPETT"The way you spend Christ...
15/12/2024

🎄 MUPPENADVENTSKALENNER 🐶

24 Deeg, 24 Zitater, 24 Muppen déi nach en Doheem sichen

1️⃣5️⃣ TIPPETT

"The way you spend Christmas is far more important than how much." — Henry David Thoreau

Adresse

6, Boulevard De Kockelscheuer
Luxembourg
1821

Öffnungszeiten

Montag 13:00 - 16:30
Dienstag 13:00 - 16:30
Mittwoch 13:00 - 16:30
Donnerstag 13:00 - 16:30
Freitag 13:00 - 16:30
Samstag 13:00 - 16:30

Telefon

+3524813131

Benachrichtigungen

Lassen Sie sich von uns eine E-Mail senden und seien Sie der erste der Neuigkeiten und Aktionen von Déierenasyl Gaasperech erfährt. Ihre E-Mail-Adresse wird nicht für andere Zwecke verwendet und Sie können sich jederzeit abmelden.

Service Kontaktieren

Nachricht an Déierenasyl Gaasperech senden:

Videos

Teilen