31/01/2024
Wéi mëttlerweil warscheinlech jidderee matkritt huet, sinn d'Baueren um streiken.
Ob dir dat gutt fannt oder net, spéitstens elo ass de Moment fir waakreg ze ginn an sech Gedanken ze maachen.
D'Bauere sinn nämlech genau déi, di souwuel är Iessen wei och dat vun ären Déiere maachen. Sie ginn also net nëmme fir sech op d'Strooss, mee si ginn och fir Iech!
De Bauer huet sécher net d'Absicht fir iech op der Strooss ze hënneren, iech mam Kaméidi ze steieren, d'Strooss knaschteg ze maachen oder wat och ëmmer, si si ganz einfach um Schaffen! Et gehéiert och genau sou zu senger Aarbecht och Weekends, oder owes spéit nach mam Trakteren ze fueren oder sech em seng Déiere këmmeren, wa vill aner Leit scho Feierowend hunn oder am Congé sinn. De Bauer schafft wuel fir sech selwer, fir Suen ze verdéngen, mee e schafft och fir Iech, fir är Ernärung.
D'Bauere géifen dofir och op all Subventioune verzichten, wann si nëmme géife realistesch Präisser kréien, fir alles wat si produzéieren, amplaz Almosen.
"Wer plügt und erntet, soll damit rechnen können, selbst einen Teil vom Ertrag zu bekommen".
Denkt also mol un se! Wann et hinne schlecht geet, da betrëfft dat nämlech net nëmmen de Bauer selwer, mee och seng Déieren an de Rescht vun der Bevëlkerung. "Wo der Bauer arm ist, ist das ganze Land arm".
Dest brengt vill Konsequenze mat sech. Sou ginn z.B. d'Präisser vun de Liewensmëttel, an dem Fudder vun ären Déieren (weider) an d'Luucht an et kennt zu externen Importer. Duerch des extern Importer, leide virun allem d'Qualitéit vun de Liewensmëttel. Hei a Lëtzebuerg produzéiert de Bauer seng Saachen ënner ganz strengen Oplagen, déi am Ausland vill méi geréng sinn. Am Ausland ginn et ganz aner Standarde vu Kontrollen an auslännesch Grousskonzerner kenne wuel zum Deel mei bëlleg, awer dofir ënnert ganz bedenkleche Konditioune produzéieren (ënner anerem méi schlecht Konditioune fir hier Déieren). "Nicht nur beim Schach wird der Bauer zuerst geopfert, damit die Großen noch größere Sprünge machen können"
Dofir wëlle mir iech dozou ureegen, iech mol iwwert d'Qualitéit vun ärem Iessen an/oder dem ärer Déiere Gedanken ze maachen, iech ze informéieren a méiglechst Lokal anzekafen.
Wann dir méi Detailer wëllt wëssen, informéiert iech gär bei ären lokale Baueren.
Schlussendlech setze mir alleguer am selwechte Boot, dofir méi Respekt fir de Bauer a seng Aarbecht!